Säit dem Ufank vum Joer ass vir de Maxime näischt méi wéi et war. Eng sëllegen Operatiounen an Traitementer huet heen scho musse matmaache säit der Diagnose «Medulloblastoma». Obwuel et net ëmmer einfach ass, verléiert heen net de Mutt a säin Humor. Well de Maxime selwer nach vill Méint Traitementer virun sech huet, an dëst Joer net selwer kann deelhuelen, trëppelen oder lafe mir am Team Maxime fir hien!
Wann Dir hien wëllt beim Sammele vu Spende fir d’Fuerschung ënnerstëtzen an awer och selwer wëllt um Lëtz Go Gold deelhuelen, da gitt Deel vum #TeamMaxime, sammelt selwer Spenden a kommt de 26.09. mat un den Depart!